Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch huet gëschter um Méindeg den entspriechende Gesetzesprojet presentéiert, nodeems hien d’lescht Woch zesumme mam Finanzminister Gilles Roth (CSV) schonn déi grouss Linne virgestallt hat.
Et ass eng Panoplie u Mesuren, déi de Ministèren a véier Pilieren opdeelt: déi finanziell Entlaaschtung, eng gutt Gouvernance, garantéiert Betreiungsplaze bis 2030 an eng allgemeng Qualitéits-Verbesserung vun de Strukturen.
Manner héich Käschte fir d’Eltere si geplangt
Haaptsächlech soll et fir d’Eltere méi bëlleg ginn, hir Kanner a Betreiungsstrukture kënnen ze ginn. D’Regierung wëllt hei mëttelfristeg méi no un eng gratis Kannerbetreiung hei am Land kommen. Et soll méi einfach an transparent ginn, seng Kanner an enger Struktur betreien ze loossen.
D’Regierung wëllt Schrëtt fir Schrëtt d’Kannerbetreiung hei am Land méi fair maachen a géint Kanneraarmut virgoen. Konkret wäert de Staat zwee Drëttel vun de Käschten, déi d’Eltere bis elo gedroen hunn, iwwerhuelen.
D’Qualitéit vun de Betreiungsstrukture soll verbessert ginn
Dat heescht, d’Servicer sollen opgewäert ginn. Dëst soll ënner anerem mam Upasse vum Personalschlëssel geschéien: Den DP-Minister gesäit konkret vun 2027 un ee Professionelle pro fënnef Kanner am Alter tëschent 0 an 2 Joer vir. Vun 2029 u soll ee Professionellen nëmmen nach véier Kanner betreien.
Bei de Kanner tëschent 2 a 4 Joer plangt d’Reform vun 2027 un ee Betreier pro siwe Kanner an vun 2029 un ee Betreier pro sechs Kanner.
De Claude Meisch ass ganz optimistesch dat ze erreechen. Aktuell ass de Rekrutement nach ee gréisseren Defi.
Wat ännert sech dann aus der Perspektiv vun de Betreiungsstrukturen?
Et kann ee bal soen, datt déi privat Betreiungsstrukturen hei e bëssen op d’Fangere geklappt kréien: Si kréie mat dëser Reform eng Rei nei Reegelen operluecht.
Et kommen nei, eenheetlech Facturatiounsreegelen. Deemno däerfe Crèchen a Maison-relaisen an Zukunft keng Supplemente méi verrechnen. Weider däerfen d’Prestatairen och net méi no enger Pauschal ofrechnen, mee d’Famillje kréien nëmmen nach déi Stonne verrechent, wärend deene si hir Kanner an de Strukturen och reell ofginn hunn.
Parallel zu den neie Reegele ginn dann och entspriechend Kontrollen agefouert.
"Raisonabel Beneficer" fir d’Strukturen
Anerersäits gëtt de Basistarif vu 6 op 7 Euro pro Stonn pro Kand gehuewen an de Staat wëllt och déi finanziell Stabilitéit vun de Strukture garantéieren. D’Mindestrecette solle bei 415 Euro pro Kand pro Woch an enger Crèche an 305 Euro pro Kand pro Woch an enger Maison relais leien.
Léich de Benefice do drënner, da stockt de Staat op. D’Beneficer sollen awer “raisonnabel” bleiwen, esou de Claude Meisch.
D’Käschte vun der Reform
Vun 2030 u wäert d’Ëmsetzung vun der ganzer Reform 300 Milliounen Euro pro Joer méi kaschten, par Rapport zum aktuelle Käschtepunkt, huet et op Nofro vum Ministère geheescht.