Wa Kanner an enger Schoul hir Vertrieder:inne wielen, sou wéi zu Esch, dann ass dat eppes, wat soss an de Schoulen net Usus ass. D’Fro ass dofir: Ginn et genuch Kandidaturen? Gëtt et schonn a fréiem Alter en Interessi un de Walen? D’Marie Picciau, Coordinatrice vum Cycle 4, seet et hätt ee fréi gemierkt, datt den Interessi grouss wier.
"Well mir wierklech gesinn dass si och e Besoin hunn ze schwätzen an d’Saache matzedeelen, a wa mir soe mir huelen dat net un, da sti mir u sech där Relatioun déi mir mat hinne sollen hunn, déi authentesch soll sinn, komplett am Wee."
All Trimester gi pro Cycle zwee Vertrieder:inne gewielt. Dräi mol all Schouljoer ginn dofir Walen organiséiert, fir déi d’Schüler:inne kandidéiere kënnen, mat Campagne an eegene Walplakater. Dëst alles op fräiwëlleger Basis an ouni Limitt, déi Kanner déi motivéiert sinn, kënnen theoretesch all Trimester kandidéieren.
Eng Roll déi vill Courage fuerdert
Dëst Trimester goufen de Manuel, d’Juliette, d’Ashley, d’Emma, den Diego an d’Elena als Vertrieder:inne gewielt. Eemol d’Woch treffen si sech vun elo un, fir aktuell Themen, Proposen a Problemer ze beschwätzen. Alles gëtt a Rapporte festgehalen.
Domat géif och vill Engagement a Verantwortung kommen, seet d’Marianne Damiani, Coordinatrice vum Cycle 1.
“Fir ze léieren: ech schwätzen elo, ech sinn elo d’Stëmm, ech representéieren. (…) Sech an dee Prozess do eraliewen a soen hei kuck ech muss lauschteren, an och wann do eppes ass wat mir net sou passt, ech muss dat awer kënnen elo mat vertrieden.“
Och fir Erwuessener ass dat net einfach, gëtt d‘Marianne Damiani ze bedenken. Dofir wier et ganz wichteg, wa Kanner dat scho léiere kënnen.
An dëser Roll wier och vill Courage gefrot. Guer net sou evident, wéi d’Kanner erzielen.
“Et muss ee sech schonn traue virun de Kanner sech virzestellen an am Krees ze schwätzen, well si mussen och schonn eppes verstoen. Mir mussen och scho Courage hunn, fir de Kanner Feedback ze erzielen.”
De Schoulhaff soll nei gemaach ginn
Vill Iddie kommen aus der “Meenungskëscht” an déi d’Kanner hir Iddien a Suerge rageheie kënnen. Dës gi vun der Organisatioun vu Fester, bis hin zu dem respektvollen Ëmgank matenaner. A wann et verschidde Meenungen zu engem Thema ginn, da gëtt demokratesch ofgestëmmt.
Eng Parti Virschléi aus de Sitzunge vun de Kannervertrieder:inne goufen dann och schonn ëmgesat. Wéi zum Beispill wat d’Gesond Iessen an der Kantin oder d’Spiller an der Paus ugeet. Konkret goung et och schonn ëm d’Gestaltung vum Schoulhaff:
“Mir hate lo ee ganzt grouss Thema fir de Schoulhaff vum Cycle 1. Do hu mir lo ee Bréif un d’Gemeng geschriwwe, fir ee Budget ze kréien, fir de Schoulhaff nei ze maachen, well do ganz vill Bëtong ass an net vill Gras a Schied.”
Net jüst de Frënd oder d'Frëndin wielen
An dem ganze Prozess vum Wiele goen, léieren d’Kanner och wat et bedeit, eng Persoun ze wielen op Grond vun deem fir wat si sech asetze wëll, an net nëmme well et ee Frënd oder eng Frëndin ass.
“Ech hat dës Entscheedung geholl, well ech fannen, ee Kand wat ech lo gewielt hunn, gutt an däitlech geschwat huet, an am beschten sech getraut huet.”
Fir d’Zukunft hunn déi aktuell Kannervertrieder:inne vun der Jean-Jaurès-Schoul scho grouss Wënsch geäussert:
“Ech wéilt änneren, datt d’Kanner éierlech sinn, an datt si d’Wäerter respektéieren, déi mir hei an der Schoul hunn, sou wéi de Respekt, dee mir ganz wichteg ass am Moment”