arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An der Gazasträif goufe weider Hëllefsgidder aus der Loft erofgehäit

Noen Osten

|
reading time

1 min

An der Gazasträif goufe weider Hëllefsgidder aus der Loft erofgehäit

Israel huet um Weekend annoncéiert, datt d'Arméi d'Militäroperatiounen all Dag 10 Stonne laang an Deeler vun der Gazasträif géif stoppen. Israel géif och humanitär Korridoren opmaachen, fir datt d'UNO Hëllef erabrénge kann.

reading time

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Trotz där annoncéierter Paus bei de Militäroperatioune melle Rettungsekippen an Aenzeien eng weider israeelesch Loftattack bei der Stad Chan Junis. Dobäi wier ee Wunnhaus getraff ginn an op d'mannst 12 Leit wieren ëm d'Liewe komm. Dës Aussoe loosse sech net onofhängeg iwwerpréiwen.