Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An den nächsten zwee Joer ginn d'CNS-Cotisatioune warscheinlech net erhéicht

Conclusioun aus der Quadripartite

An den nächsten zwee Joer ginn d'CNS-Cotisatioune warscheinlech net erhéicht

Wa sech näischt ännert, da gëtt et bannent den nächsten zwee Joer ee gréisseren Defizit bei der Gesondheetskeess CNS, deen dozou géif féieren, datt d’Cotisatioune missten erhéicht ginn. Dat war eng vun de Conclusioune vun der Quadripartite de Mëttwoch.

auto_stories

2 min

Suen am Portmonni | © picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb
Foto: picture alliance / pressefoto_korb | Micha Korb

Am Abrëll oder Mee d’nächst Joer soll am Kader vun enger informeller Quadripartite iwwert eng Rei Pisten diskutéiert ginn, fir déi finanziell Situatioun vun der Krankeversécherung nees an de Grëff ze kréien.

Eng vun de Piste wier an den Ae vum Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, een Deplafonnement vun den Cotisatiounen un d’CNS. Dat hätt op d‘lescht Joer gerechent 303 Milliounen Euro ausgemaach. 

De Marc Baumplay_arrow

"Wann een déi géif ophiewen, dann hätte mer eng ganz aner Diskussioun an eng ganz aner finanziell Grondlag", sou den Deputéierte vun déi Lénk.

Déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard ass hirersäits der Meenung, datt een Depensë vun der Krankeversécherung misst genee ënnert d’Lupp huelen. D’Zil misst et sinn déi Ausgaben z’identifizéieren, déi net direkt eppes mat der medezinescher Betreiung ze dinn hunn.

Djuna Bernardplay_arrow

Et misst een eng Analys maachen, wéi eng Depense wierklech iwwer den CNS-Budget solle lafen a wéi eng een iwwer de Staatsbudget kéint lafe loossen, sou d‘Deputéiert vun déi Gréng.