arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ An de Stroosse vun Israel fuerderen dausende Manifestanten en Enn vum Krich 

Israel

|
headphones

1 min

An de Stroosse vun Israel fuerderen dausende Manifestanten en Enn vum Krich 

Israel ass international méi a méi ënner Drock. Dat wéinst sengem Virgoen an der Gazasträif. An Israel selwer hunn awer och gëschter um Samschdeg erëm dausenden Leit an der Strooss en Enn vum Gazakrich gefuerdert.

headphones

1 min

© EPA/ABIR SULTAN
(Foto: EPA/ABIR SULTAN)

De Virworf gëtt zënter Méint ëmmer erëm widderholl: D’Manifestanten hunn ënnerstrach, datt déi israeelesch Offensiv d’Liewe vun de Geiselen a Gefor bréngt.

Déi israeelesch Arméi awer fiert weider mat hirer Militäraktioun: Gëschter sinn dobäi op d'mannst 31 Leit zu Gaza City ëm d’Liewe komm. Si hätten 120 sougenannten "Terrorziler" an der Stad ugegraff, seet d’Arméi.

480.000 Palästinenser hunn an de leschten Deeg d’Stad Gaza verlooss.