A Kroatie gouf den nationale Rekord zwar net gebrach, mee an der Touriste-Stad Split gouf mat 39,5 Grad ee Rekord erreecht.
D‘Welt-Gesondheetsorganisatioun warnt iwwerdeems, datt d‘Canicule vun de leschten zwou Wochen eng „Generalprouw“ wier, déi nächst Summere géifen nach méi schwiereg ginn.
Drëtt Hëtztwell fir Frankräich ugekënnegt
A Frankräich, wou d'lescht Woch och eng schlëmm Hëtztwell war, wëllen déi Gréng d‘nächst Woch eng Motioun fir ee Mësstrauensvott an der Assemblée deposéieren. Si geheien dem Premier Sebastien Lecornu a senger Regierung vir, net op déi lescht an net op déi nächst Canicule preparéiert ze sinn.
Effektiv huet Météo-France ugekënnegt, datt vun dësem Weekend un schonn déi drëtt Hëtzewell an d‘Haus steet. Dat wärend bësse méi wéi engem Mount.