Radioen

On air

Notturno  |  Sophie Hunger - Security Check

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Scholz wëll bis Januar bleiwen, Friedrich Merz fuerdert direkt Neiwalen

Nodeems Lindner entlooss gouf

Scholz wëll bis Januar bleiwen, Friedrich Merz fuerdert direkt Neiwalen

De Bundeskanzler Olaf Scholz wëll de Mëtteg mam Oppositiounsféierer Friedrich Merz iwwert d’Zukunft schwätzen. De Finanzminister Christian Lindner a säin FDP-Parteikolleeg, de Justizminister Marco Buschmann an d’Bildungsministerin Bettina Stark Watzinger ginn haut offiziell aus hirem Amt entlooss.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Carsten Koall
Foto: picture alliance/dpa | Carsten Koall

De Verkéiersminister Volker Wissing donieft huet annoncéiert aus senger Partei der FDP auszetrieden. Hien huet domadder kloer gemaach datt hie sech perséinlech vun de politesche Konflikter an der Koalitioun distanzéiert.

"Ich distanziere mich damit nicht von den Grundwerten meiner Partei und möchte auch nicht in eine andere Partei eintreten. Die Entscheidung ist eine persönliche Entscheidung von mir, die meiner Vorstellung von Übernahme von Verantwortung entspricht."

Hie wëll bis bei déi annoncéiert Neiwale weider als Verkéiersminister am Amt bleiwen. D’Koalitioun hätt dem Volker Wissing no, méi Succès gehat, wa se vun Ufank u méi zesummegeschafft hätt an net ëffentlech a kontrovers iwwer Theme gestridden hätt.

Hie Betount d‘Wichtegkeet vun der Kompromëssbereetschaft an der Politik.

Friedrich Merz plädéiert fir direkt Neiwalen

Den Oppositiounschef Friedrich Merz (CDU/CSU) versicht d’Koalitioun weider ze destabiliséieren a fuerdert, datt de Bundeskanzler Olaf Scholz direkt d’Vertrauensfro stellt. Am beschten nach an dëser oder der nächster Woch, an net réischt am Januar wéi annoncéiert.

Den CSU-Politiker Alexander Dobrindt plädéiert séngersäits dann och fir direkt Neiwalen.

"Wenn Olaf Scholz versucht, diesen Vertrauensverlust, den er erlitten hat und den er seiner Ampel bestätigt, jetzt damit weiterführen will, indem er sich im Amt hält, dann wäre das arrogant und respektlos gegenüber den Wählerinnen und Wählern. Wir können uns schlichtweg kein Kanzlerkoma leisten."

Weider mengt hien, d'Ampelkoalitioun wier net just duerch d’FDP gescheitert, mä vun Ufank un hätt et un enger staarker Basis gefeelt, déi d'Koalitioun ze wackeleg gemaach huet.