arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Amnesty International: Israel héngert geziilt d'Gazasträif aus

Lag am Noen Osten

|
headphones

1 min

Amnesty International: Israel héngert geziilt d'Gazasträif aus

Schwéier Virwërf vun Amnesty International: D‘Mënscherechtsorganisatioun geheit Israel vir, eng geziilten Honger-Campagne an der Gazasträif ze bedreiwen. Israel géif systematesch d‘Gesondheet an dat soziaalt Liewe vun de Mënschen an der Gazasträif zerstéieren. 

headphones

1 min

© picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi
(Foto: picture alliance / NurPhoto | Majdi Fathi)

Honger a Krankheet wier keng onglécklech Konsequenz vun den israeelesche Militärattacken, mee géife bewosst provozéiert ginn, esou Amnesty International. Dat mam But fir d‘Palestinenser physesch ze zerstéieren: An den A vun Amnesty International wier dat e Genozid.

Mat deene Virwërf ass Amnesty International och net eleng. Och aner ONGen an d‘UNO warne reegelméisseg virun enger Hongersnout am Palästinensergebitt.  

Nei Gespréicher fir eng méiglech Wafferou

Den Ament ass eng Delegatioun vun der palästinensescher Terrororganisatioun Hamas zu Kairo fir Gespréicher. D'Hamas hätt vun den ägyptesche Mediateuren eng nei Propositioun fir eng Waffepaus kritt, heescht et aus Palästinenserkreeser.

Et géif sech ëm e Kader-Accord handelen, mat deem Verhandlunge fir e permanente Waffestëllstand solle lancéiert ginn. Dora wieren déi grouss Linne vun der amerikanescher Friddenspropose zeréckbehale ginn: E Waffestëllstand vu 60 Deeg an d‘Fräiloossung an zwou Etappen vun den israeelesche Geiselen.