Radioen

On air

9 bis 1  |  Sans Soucis - Dancing On This

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ MJ Lenderman: Americana aus der Siicht vum sympathesche Loser

Album vun der Woch

MJ Lenderman: Americana aus der Siicht vum sympathesche Loser

Dës Woch blécke mir nach eng Kéier op ee vun den androcksvollsten Albume vum leschte Joer zeréck. Mat “Manning Fireworks” ass dem amerikaneschen Indiemuseker MJ Lenderman e grousse Coup gelongen. Americana trëfft hei op Slackerrock a Storytelling, tëschent Witz an Trauregkeet. Een absolutte Must-listen vun 2024.

auto_stories

2 min

headphones

8 min

play_arrow

2022 war dem MJ Lenderman den Duerchbroch als Indiedarling gelongen, mee wann et nach Zweiwler gouf, dann huet hie si spéitstens leschte September mat "Manning "” kommen dem Lenderman seng Songwriting-Qualitéiten nach besser zum Ausdrock wéi op de Virgänger.

Eng gutt Portioun Südstaate-Romantik

Musikalesch ass et dat, wat ee sech erwaarde konnt: E Mix aus Slacker-Rock, Alt-Country, Americana an Indierock, iergendwou tëschent Neil Young an den 90s-Rocker Pavement, zum Beispill am brillante Song "She’s Leaving You". Et gëtt mat Momenter och nach e wéineg méi country-lasteg, zum Beispill am Song "Rip Torn", wann de Lenderman d'Fidel auspéckt an eng gutt Portioun Südstaate-Romantik iwwer seng Lyrics street. 

Fiicht Dreem an den John Travolta

De Lenderman erzielt op "Manning Fireworks" ongefiltert Alldeegleches voller Punchlines. Awer ëmmer aus der Perspektiv vum Verloossenen, vum Outcast, vum sympathesche Loser. D'Lyrics si banal. Si si witzeg, déifgrënneg an ëmmer e wéineg 'weird', e bësse wéi e verzweiwelte Poetry-Slam-Versuch. Zum Beispill am Song "On My Knees", wann de Lenderman doriwwer séngt, fiicht Dreem iwwer glécklech Meschen ze hunn oder e Beiennascht um John Travolta senger plakeger Kopp erbäi fantaséiert. 

play_arrow

Lauschterenplay_arrow