Ass et besser e schlechten Accord iwwer déi europäesch Asylpolitik ze hunn, wéi guer keen? Déi Fro gëtt net nëmmen am Europaparlament ënnerschiddlech beäntwert.
Fir Lëtzebuerg war an deene ville Joren, an deenen doriwwer diskutéiert gouf, de fréieren Ausseminister Jean Asselborn fir den Dossier responsabel. Den LSAP-Politiker hat deemools, wéi sech d’Länner op eemol zejoert iwwer een Text eens gi waren, den Accord verdeedegt.
“De Virdeel wier, datt mir nees eng global europäesch Migratiounspolitik hätten. Wat elo ass, dat ass Chaos”.
Där Meenung sinn och déi meescht Europadeputéiert aus de gréisste Parteien am Parlament, also de Chrëschtdemokraten, de Sozialisten an de Liberalen. Vun hinne wäerten déi meescht fir déi zéng nei Gesetzer aus dem Migratiounspak stëmmen.
Iwwert d’Reform vum europäeschen Asylsystem gëtt scho bal zéng Joer diskutéiert. D’Parlament fuerdert déi Reform zanter laangem. D’Memberlänner awer konnte sech jorelaang net iwwer eng gemeinsam Positioun eens ginn. De Vott an der Plenière ass am Fong eng Formalitéit, well sech béid Säiten am Dezember iwwert d’Texter eens gi sinn. Trotzdeem ass net jiddereen zefridden, an et ass net kloer, ob net Deeler vun der Reform beim Parlament duerchfalen.
De Pak suergt fir méi Solidaritéit an der EU, soen d’Supporter
Déi aktuell Situatioun wier onfair, well d’Haaptresponsabilitéit fir d’Flüchtlingen ëmmer bei deenen nämmlechte Länner läit, sot en Dënschdeg zum Beispill de spuenesche Sozialist a Rapporteur an engem vun den zéng neie Gesetzer, de Juan Fernando Lopez Aguilar. Fir hien ass et wichteg, datt eng europäesch Reform vum System ëmgesat gëtt.
"Et ass eng Verbesserung. Dem neie System no soll d’Responsabilitéit duerch eng obligatoresch Relokalisatioun a Krisenzäiten opgedeelt ginn, e soll also Solidaritéit bréngen, wou den Ament guer keng ass.”
Länner, déi keng Refugiéen ophuele wëllen, hunn d’Méiglechkeet, sech finanziell vun där Solidaritéit fräizekafen.
Als positiv gëtt och ervirgehuewen, datt d’Asyldemandë méi séier ënnersicht a fir d’Prozeduren op de Grenze gemeinsam Standarden opgestallt ginn.
Op där anerer Säit sti staark Verschäerfunge vun de Konditiounen op de Grenzen, mat der Méiglechkeet, Leit anzespären a si méi einfach a sougenannten Drëtt-Staaten zeréckzeschécken.
Wéinst Verschäerfungen op de Grenzen: Bedenke vu ville Säiten
De Pak wier kee Grond fir ze feieren, mee et wier onwarscheinlech, datt an noer Zukunft ee besseren op den Dësch kennt, esou eng net ganz iwwerzeegte Sophie in t’Veld. Si géif dowéinst fir déi nei Gesetzer stëmmen.
“Ech denken, datt mir de Bierger weise mussen, datt d’EU funktionéiere kann, mee mir mussen och zouginn, datt et berechtegt Zweifel iwwer dee Pak gëtt”
Fir Länner, déi sech net wëllen u fundamental Rechter halen, géif et nämlech duerchaus Spillraum, esou déi hollännesch Liberal.
Kritik kënnt vun deene Lénken. Den Accord mécht déi aktuell Situatioun net besser, esou d’Europadeputéiert Malin Björk.
"Dublin zielt nach ëmmer, also dat Land, wou de Refugié fir d’éischt ukënnt, bleift responsabel, dorun ännert sech näischt. Den Accord léist och de Problem vun de Refugiéen, déi am Mëttelmier stierwen net."
Gréng a Lénk stëmmen dogéint, genee wéi de riets-extreeme Bord
Déi Lenk stëmme géint den Accord, genee wéi déi Gréng - dat confirméiert d’Tilly Metz. Datt zum Beispill Kanner iwwer sechs Joer op der Grenz festgehalen a gezwonge kënne gi fir biometresch Tester ze maachen, wier schockant. Fir déi gréng Europadeputéiert ass deen Asylpak ee klore Schratt no hannen.
“Vun deenen zéng Direktiven, déi um Dësch leien, wäerte mir bei aacht kloer dogéint stëmmen. Do gi sämtlech rout Linne fir eis iwwerschratt.”
De rietse Bord am Parlament, deem déi nei Reegelen net repressiv genuch sinn, ass och net zefridden.
Wat mam ganze Pak geschitt, wann eenzel Direktiven net duerch d’Parlament ginn, ass net kloer, sot gëschter eng weider Rapportrice vum Parlament, déi franséisch Liberal Fabienne Keller.
“Si l’un des textes tombe, la cohérence de l’ensemble tombe clairement. Qu’est-ce qui se passera? Écoutez, c’est le charme du vote.”
Lëtzebuerger Europadeputéiert majoritär dofir
D’Lëtzebuerger Euroapdeputéiert wäerte sech majoritär fir de Pak haut ausschwätzen. De Charel Goerens vun der DP huet genee wéi d’Isabel Wiseler-Lima an d’Martine Kemp (béid CSV) wëlles dofir ze stëmmen.
Hie wier prinzipiell dofir, wier an e puer Punkten nach net decidéiert, huet eis de Marc Angel vun der LSAP gëschter matgedeelt.
Verschidde Mënscherechtsorganisatiounen hunn am Virfeld vum Vott am Parlament dozou opgeruff, géint dee Migratiounspak ze stëmmen.
E géif riskéieren, d’Recht op eng international Protektioun ze zerstéieren an net dozou bäidroen, datt manner Leit an d’EU kommen oder de Chaos méi kléng gëtt, schreiwen Human Rights Watch, Oxfam an anerer an engem Appell un d’Parlament.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.