Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Am Schiet vu Manhattan: Staten Island an d’Erwaardungen un d’Walen

US-Walen 2024

Am Schiet vu Manhattan: Staten Island an d’Erwaardungen un d’Walen

Och New York bereet sech op d’Wale vir. An obwuel an dësem Staat schonn zanter 1988 ëmmer demokratesch gewielt gëtt, ginn et awer Deeler déi traditionell republikanesch sinn. An dat souguer zu New York City selwer, an zwar am Bezierk vu Staten Island.

auto_stories

6 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Claire Barthelemy

D’Claire Barthelemy op Staten Island

Vu Manhattan aus kann ee mat enger Fär a ronn 25 Minutten op Staten Island, de südlechste Bezierk vun New York City. Op der Fär fir dohi si vill Touristen dobäi. Dat läit dodrun, datt den Tour mam Schëff gratis ass a laanscht d‘Fräiheetstatue geet. Och huet een eng immens flott Vue vun der Skyline Manhattan. Op der Fär héiert een och vill Franséisch, Spuenesch an Däitsch héieren.

De "Forgotten Borough" - Staten Island bleift fir vill Touristen eng Duerchrees

Mee déi meescht Touriste sinn net u Staten Island intresséiert. De Bezierk gëtt oft als “Forgotten Borough” beschriwwen, also als vergiessene Staddeel, an et versteet ee séier firwat. Soubal d’Fär ugedockt ass, ginn déi allermeescht direkt erëm bei d’Fär déi zeréckfiert. Puer ginn der nach an den Outlet-Shopping-Center, deen direkt beim Terminal ass.

Mëttespaus a Walgespréicher um Bord vun der Fär

Dräi vun de Passagéier de Méindeg haten d’Fär geholl fir zu Staten Island zu Mëtteg z’iessen. De Michael, een eeleren Här, ass een Aktivist deen elo schonn zënter Jore géint den Donald Trump protestéiert. Hie sot, hie géif d’Wale just e bësse kucken, awer net de ganzen Owend. Et wier vill ze stresseg, sot hien. Hien huet eng Kamala Harris Kap un, a säi Kräiz huet hie schonn an der Fréiwal gemaach.

D’Fro no der Zukunft vun der Demokratie

“Jo ech hoffen, datt hatt gewielt gëtt, well ech fäerten datt mer soss ganz no un de Faschismus kommen“, sou de Michael.

D’Emma, wat nieft him steet, ass senger Meenung. Ass si nervös, virun der Wal?

“Oh definitiv. Dat ass och de Grond, firwat mir heihi komm sinn, fir datt mir net doheem setzen a grübeln“, seet d’Emma.

Hir Frendin d’Victoria mengt, datt dës Wal Amerika ganz veränneren kéint, an datt um Enn just eppes um Spill steet.

“Déi wichtegst Fro, déi sech an dëser Wal stellt ass, ob Amerika nach an enger Demokratie lieft oder net. Dat as alles“, sou d’Victoria.

Eng aner Perspektiv op d’Wale

E puer honnert Meter weider sinn e puer mexikanesch Restauranten an aner latäinamerikanesch Betriber. An engem vun de Restaurante fäert de Chef net wierklech ëm d‘Demokratie an Amerika. Hie géif zwar selwer net wielen, mee seng Kanner géifen all den Trump wielen, sot hien. Fir hien ass d‘Ekonomie dat Wichtegst, an den Donald Trump wier clever a géif déi US-amerikanesch Wirtschaft rëm ukuerbelen, seet hien.

D’Prioritéit vun der Ekonomie

Hie géif sech och Gedanken iwwert déi onkontrolléiert Immigratioun maachen, well hie vill schafft a seng Steiere bezilt, an dat och vun aneren erwaart. Hei huet hien dem Trump seng Aussoe widderholl, datt vill Krimineller an d’USA géife kommen.

Op d’Fro, ob dem Donald Trump seng rassistesch Äusserungen iwwer Mexikaner hie géife stéieren, huet hien net wierklech reagéiert. Et ass d’Ekonomie déi fir hien am Wichtegsten ass, sot hien.

Staten Island - Eng roueg Virstad mat klenger Häerd a méi privatem Liewen

E bësse weider op Staten Island era gesäit et da scho wierklech wéi eng Virstad aus, mat Akafszentren an Autosgaragen. Et ass hei souguer sou roueg, datt eng kleng Häerd Schnuddelhënger fräi ronderëm leeft.

E Mann, dee mam Hond spadséiere war, seet, hien hätt schonn an de Fréiwale fir den Trump gewielt. En Interview wollt hien awer net ginn. “Ech well net verhaft ginn,” sot hien, zwar am Witz, mee et wéisst een awer, wéi mëssstrauesch verschidde Wieler momentan géigeniwwer der Press sinn.

De Réckwee op Manhattan - Zeréck an d’Stad an d’Groussstad-Gefill

Zeréck bei der Fär fir op Manhattan ass et géint 5 méi roueg erofgaange wéi moies. Et ware vill manner Touristen u Bord.

Zeréck zu Manhattan huet een erëm direkt d’Gefill vu Groussstad, mat Gespréich a Musek un all Eck. A Staten Island wierkt vun hei op eemol méi wäit ewech, wéi just eng kuerz Rees mat der Fär.

Lauschterenplay_arrow