Dës Zuel wier een neie Rekord. Ausserdeem wieren 308 Mënschen, déi gehollef hunn, blesséiert ginn, méi wéi 120 entfouert, a 45 festgeholl ginn.
Besonnesch schlëmm war d’Situatioun an der Gazasträif, wou eleng iwwer 180 Mënschen am Kader vun humanitärer Hëllef ëm d‘Liewe koumen. Zousätzlech goufen iwwer 300 Leit blesséiert.
D’UNO huet betount, d’Haaptursaach fir dës Hausse wieren d’Konflikter am Gaza an am Sudan, an dacks géifen d’Ugrëffer vu staatleche Strukture kommen.