arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Am Dossier TICE ginn et Fortschrëtter

FGFC deelt mat

|
reading time

1 min

Am Dossier TICE ginn et Fortschrëtter

Wéi d'Gewerkschaft vun de Gemengebeamten FGFC an engem Communiqué matdeelt, sollen déi concernéiert Schäfferéit bis Enn des Mount gréng Luucht ginn. Am Oktober soll dann nom Accord duerch d'Gemengeréit déi nei Konventioun ënnerschriwwe ginn.

reading time

1 min

© Jo Diseviscourt
(Foto: Jo Diseviscourt)

De Staat wäert dann all d'Käschten iwwer 15 Milliounen Euro iwwerhuelen.

D'FGFC verlaangt, datt een och an engem Syndicat mixte zoustänneg fir d‘Personal bleift an all Acquisë vum Personal bestoe bleiwen. Bis elo wieren d'Gespréicher mam Transportminsitère och positiv verlaf.