arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Als éischt EU-Land: Frankräich verbitt Social Media ënner 15 Joer

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Als éischt EU-Land: Frankräich verbitt Social Media ënner 15 Joer

Frankräich verbitt sozial Medie fir Jonker ënner 15 Joer an d’Handyen am Lycée. Dat huet d’Assemblée an der Nuecht op en Dënschdeg mat grousser Majoritéit gestëmmt, nodeems de President Emmanuel Macron de Weekend sot, hie wéilt, datt d’Gesetz am September a Kraaft trëtt. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / imageBROKER | Md Mamun Miah
(Foto: picture alliance / imageBROKER | Md Mamun Miah)

Frankräich ass domadder dat éischt europäescht Land, wat esou eng Mesure ëmsetzt.

Plattformen hu bis Enn dës Joers Zäit, Konten ze desaktivéieren

An der Nuecht krut de Gesetzestext no ville Stonnen Debat déi néideg Majoritéit. Nodeems Australien am Dezember dat éischt Land mat engem Social Media Verbuet fir Jonker gouf, zitt Frankräich also elo no. Fir d’Laure Miller, Rapportrice vum Gesetzestext, deen d’Regierungspartei Renaissance abruecht hat, ass et héich Zäit, aktiv ze ginn, fir d’Jugend ze schützen.

Cybermobbing, geféierlech Inhalter an negativ Konsequenze fir d’Konzentratioun an de Schlof wieren nëmmen e puer vun de Geforen, déi et fir déi Jonk ginn.

All nei Konte vu Jonken ënner 15 Joer wäerten nom Akraafttriede verbuede ginn. Bis Enn dës Joers hunn d’Social-Media-Plattformen dann Zäit fir déi existéierend Konte vu Jonken ënner 15 Joer ze desaktivéieren. 

Smartphones a Schoule verbidden

D’Lénkspartei LFI an och Deeler vun den Ekologisten hunn d’Gesetz kritiséiert an als simplistesch bezeechent. E Verbuet géing de Problem net léisen. Et bréicht méi Opklärung. 

Niewent dem Social Media Verbuet gesäit d’Gesetz och vir, Smartphones an de Lycéeën ze verbidden. D’Schoul misst e geschützte Raum bleiwen, esou d’Rapportrice. Den Text wäert elo wuel Mëtt Februar nach un de Senat goen.

Och stelle sech nach e puer Froen, ob all Aspekter vum Gesetz EU-konform sinn.

Lauschtert hei weider Erklärunge vun eisem Frankräich Korrespondent Max Tholl.

play_arrow Lauschteren