Do virdrun, e Samschdeg, soll eng Reunioun vun de Sécherheetsberoder vun den Alliéierte vu Kiew sinn. Dës Kéier an der Ukrain.
Russland mat Virwërf ouni Beweiser
De Friddensprozess steet den Ament am Schied vun de Virwërf vu Moskau, datt d‘Ukrain probéiert hätt eng Residenz vum Wladimir Putin mat Dronen unzegräifen.
Ee Virworf, fir dee Russland et awer net fir néideg hält Beweiser ze liwweren. Déi russesch Loftofwier hätt den Ugrëff nämlech ofgewiert, esou de Kreml-Spriecher.
Verbal Attacken
Mee de Wolodymyr Selenskyj hätt dem Wladimir Putin – ouni en ze nennen – a senger Chrëschtdagsusprooch den Dout gewënscht.
De fréiere russesche President Dmitri Medwedew huet dem Selenskyj dofir sengersäits haut mam Doud gedreet.
De Kreml-Spriecher sot sengersäits nach, datt déi russesch Positioun an de Friddensverhandlungen elo méi haart géif ginn. Wat genee domat gemengt ass, sot hien net.