Radioen

On air

One World  |  Explizit Lyrics

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Alliance musicale: Nei Regierung dierf net un der Kultur spueren

Kultur

Alliance musicale: Nei Regierung dierf net un der Kultur spueren

D’Alliance musicale fuerdert déi nei Regierung op an Zukunft net un der Kultur ze spueren. Sou hunn si e Bréif un de Formateur Luc Frieden geschéckt an dem aacht Revendicatiounen erkläert ginn. D’Kultur ass en Aspekt den an dësem Walkampf net vill bis guer net zou Sproch koum ass. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Carl Adalsteinsson ass President vun der Alliance Musicale (Foto: Archiv)

De President vun der Alliance musicale, de Carl Adalsteinsson, erkläert sech dat duerch déi multipel Krisen déi momentan am Vierdergrond stinn. Et wier awer wichteg weiderhin an d’ Kultur ze investéieren.

An dat fänkt fir d’Alliance Musicale scho bei deene Jonken un. Eng vun deenen aacht Revendicatioune bezitt sech op d’Educatioun an d’Sensibiliséierung vu Kanner a Jugendlechen op déi verschidde Beräicher am kulturelle Secteur.

Bessere Kontakt mat Lycéeën

D’Kulturhaiser hätte schonn eng breet Offer fir d’Schoulen, ma do géing ee sech nach e bessere Kontakt mat de Lycéeë wënschen. Et wier wichteg, datt d’Kultur an der Gesellschaft méi héije Stellewäert kritt, fënnt de President vun der Alliance Musicale, de Carl Adalsteinsson.

“Dat ass eppes, wat mir och als Federatioun mussen natierlech, eis an d‘Buch schreiwen, fir Beruffer, déi et ginn, méi ze sensibiliséieren, méi dovunner ze schwätzen. Dat ass do wou et  ufänkt: an de Schoulen - dat ass am Fong den allerwichtegste Partner fir d ‘Kultur, wa mer wëllen e Publikum vu muer hunn, awer och Aarbechterinnen an Aarbechter an eise Strukturen, déi mer hei am Land stoen hunn.”

Raimlechkeete fir Kreativer

Weider Revendicatioune wiere Raimlechkeete fir dat kreatiivt Schaffen. Dofir misst net néi gebaut ginn. Et sollt analyséiert ginn, wéi eng Strukturen de Staat an d’Gemengen hunn, a wéi déi kéinten zesumme benotzt ginn.

 “Ech gi lo just ee Beispill, dat ass do, wou Paul Würth ass, de fréier Carré-Rotonde, dat war jo am Fong e super Lieu, wou Austausch stattfonnt huet, wou Saachen entstane sinn an sou weider, bon de Lieu dee gëtt et lo och net méi.”

Et géif keng Platze méi ginn, wou Kreativer sech kéinte permanent ophalen, prouwen, kreéieren a sech austauschen, bedauert de Carl Adalsteinsson..

Budget fir Kultur Strukturen indexéieren

Nieft weidere méi technesche Revendicatiounen, fuerderen si dass de Budget fir déi kulturell Strukturen indexéiert gëtt.

D’Alliance musicale ass eng Associatioun vu 60 professionelle Musek-Organisatioune wéi ënner anerem d’Philharmonie, d’Rockhal an d’ Rotonden.  

Lauschterenplay_arrow