arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Alerte orange wéinst Staarkreen

Vun den owend un

|
headphones

1 min

Alerte orange wéinst Staarkreen

Fir dat ganzt Land, ma virun allem fir de Süden an den Osten, gëllt vu Méindegowend 10 Auer bis Dënschdegmoien 8 Auer déi zweet héchst Warnstuf. Et gëtt mat Dauerreen gerechent. Lokal kënne bis zu 80 Liter op de Meterkaree falen.

headphones

1 min

De Pic gëtt sech an der Nuecht op muer erwaart. 

Warnung virun Héichwaasser

D‘Waasserwirtschaftsamt warnt dowéinst viru méiglechem Héichwaasser am Süde vum Land. Do gëllt eng giel Héichwaasser-Risiko-Alerte – also déi niddregst Warnstuf – vun haut de Mëtteg 1 Auer bis muer de Mëtteg 2 Auer.

Dat kéint awer nach jee no Entwécklung vun der Situatioun nach ugepasst oder verlängert ginn, esou nach d‘Waasserwirtschaftsamt. Et gëtt eng schnell Hausse vun de Peegel vun de Gewässer am Süden erwaart. Wou a wéi vill Reen genee wäert fale wier awer nach onsécher.

All Informatioune fannt Dir op inondations.lu oder op infocrise.lu

Dat aktuellt Wieder kann een op meteolux.lu suivéieren.