arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Meteolux: Gréisste Risiko ass eriwwer

Alerte jaune wéinst Reen

|
headphones

1 min

Meteolux: Gréisste Risiko ass eriwwer

D'giel Wiederwarnung wéinst Donnerwiederen a Ree gëllt nach bis aacht Auer den Owend, mee de gréisste Risiko ass laanscht, esou Meteolux op Nofro hin.  

headphones

1 min

Lokal kéint et nach zu méi klengen Donnerwiedere kommen. Südlech vun Esch, op der franséischer Säit, sinn dem nationale Wiederdéngscht no 70 Liter Ree bannent kuerzer Zäit gefall.

Westlech vun der Staat wieren de Mëtteg 20 bis 25 Liter Reen erof komm. Op anere Plaze gouf et just wéineg Néierschlag.