Déi betraffe Persoun hätt zwar effektiv eréischt 5 Méint an 20 Deeg – an net wéi virgesi 6 Méint – virum Ufank vum Congé de maternité bei hirem Employeur geschafft, heescht et an engem Communiqué. Mee si wier do virdrun 9 Méint laang am Chômage bei der ADEM gemellt gewiescht.
De Refus vun der CNS géif sech op een Artikel vum Sozialversécherungsgesetz stäipen, dee virgesäit, datt Chômeure kee Recht op Congé de maternité hunn.
D‘Schidsriichter-Instanz vun der Securité sociale hätt doropshin d‘Verfassungsgeriicht mam Dossier befaasst. Eng Decisioun steet nach aus.