arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Al bekannte Problemer bei der Justiz

Neijoerschreceptioun

|
headphones

5 min

headphones

5 min

play_arrow

Al bekannte Problemer bei der Justiz

D'Sujeten op der Neijoerschreceptioun vun der Justiz an der Cité judiciaire ware grosso modo déi selwecht wéi zejoert. De Manktem u Gebailechkeete fir d'Justiz gouf d'nämlech gesi wéi am Januar 2025. Ob et dogéint nach e Manktem u Personal gëtt, dozou goungen d'Meenunge liicht auserneen.

headphones

5 min

headphones

5 min

play_arrow

De President vun der Cour supérieure de justice Thierry Hoscheit war, wat d’Theema besetze vu Riichterplazen ugeet, méi pessimistesch.

 “Mir hunn zënter Méint a bal all de Corpse Plazen déi opstinn, well mir ganz einfach keng Magistraten hunn, fir déi Posten ze besetzen. Dat féiert natierlech dozou, datt mir net komplett operationell sinn an datt Lächer entstinn an de Compositiounen, noutgedrongen - do wou dräi Leit sollen do sinn, an et sinn der just zwee do, ass e Lach, op de Parqueten entstinn och Lächer: D'Aarbecht kann net onbedéngt esou effikass gemaach ginn.”

D’Situatioun géif sech verbesseren, wann an annerhallwer Woch 42 Attachéen op hir Plazen affektéiert ginn, esou den Thierry Hoscheit, och wann déi Riichterinnen a Riichter nach net komplett ersetze kéinten.

De Procureur général d’État John Petry an d’Justizministesch Elisabeth Margue hunn dogéint betount, datt an Zäit vu ronn zwee Joer 94 Riichterinnen a Riichter bäikomm wieren, nieft deenen 42 Attachéen, esou datt d’Lag - dem John Petry no - virsiichteg optimistesch wier.

Justiz wier net passiv

Als Problemer vun der Justiz huet den neie Procureur général d’État nämlech engersäits d’Séchere vum Rechtsstat an anerersäits d’Moyenen dofir gesinn. Woubäi dee leschte Punkt natierlech mam Personal ze dinn huet. A Saache Séchere vum Rechtsstat misste virop d’Gesetzer agehale ginn. 

Eis Missioun ass et, datt d'Gesetzer respektéiert ginn. An dozou gehéieren eben och d'Strofgesetzer. D'Justiz huet als Missioun, fir d'Strofgesetzer duerchzesetzen.”

Nëmmen duerch d’Sanktionéiere vum net-Respekt vu Gesetzer kéint Vertrauen an d’Justiz entstoen, an do wier keen Ënnerscheed ze maachen tëschent klenger a grousser Kriminalitéit. De John Petry ass och op de Reproche ze schwätze komm, datt d’Justiz passiv wier.

Dat ass net de Fall! An dat kann ech nëmmen zréckweisen. Natierlech heescht dat awer net, dass mer eis net mussen a Fro stellen. Mir mussen eis duerchaus a Fro stellen, wat eis Reaktivitéit ugeet. Mir mussen eis och vläicht a Fro stellen, wat eis Delaien ugeet.”

En zéien Dialog

Wat d’Moyene vum Rechtsstat betrëfft, wieren eng Rei Saache geschitt, déi hie virsiichteg optimistesch maache géifen, huet de Procureur général d’État betount. Den Zouwuess vu 94 Riichtere bannent engen zwee Joer an 42 Attachée wiere Beweiser dofir. Zu de Gebaier fir d’Justiz huet de John Petry Problemer mat de Bâtiments publics an der Commission des loyers net verheemlecht.

“Do ass den Dialog heiansdo schwiereg. Do sinn d'Delaien, fir eng Äntwert ze kréien, heiansdo méi laang. Do sinn d'Diskussiounen duerchaus och mol zéi.”

Ënnert dem Stréch wier, déi schonn dacks ugeschwaten nei Cité judiciaire néideg, well d’Justiz de Moment op de ganze Stadzentrum verdeelt wier, esou de Procureur général d’État.
 
D’CSV-Justizministesch Elisabeth Margue huet déi Virlag opgeholl a betount, si wier sech bewosst, datt et a puncto Gebaier vill Aschränkunge géif ginn.

D’Lëscht vun deene Gebaier hei ronderëm de Site, déi der Justiz scho versprach an attribuéiert goufen, déi ass laang. Dat, wat e bëssen d'Schwieregkeet ass, ass eben, herno och elo weiderzekommen.”

Am Hierscht soll den Total u Riichter:innen op 370 klammen

Positiv huet och d’Ministesch ervirgehuewen, dass d’Justiz nei Riichtere bäikrut. Donieft wär et e Succès gewiescht, de Recrutement fir d’Magistratur opzemaachen.

Mee mir mussen natierlech och de Suivi vun där Reform maachen. Et muss ee souwisou iwwert d'Formatioun, de manière générale, schwätzen, mee fir ze kucken, datt mir och an Zukunft et fäerdegbréngen, zousätzlech Magistraten ze rekrutéieren.”

De President vun der Cour supérieure de justice Thierry Hoscheit hat d’Besetze vu Riichterplazen d’Haaptthema genannt. Op der Cour d’appel zum Beispill wiere fënnef Posten net besat an zwee Riichtere laang net do. Soudatt där hire System misst op de Leescht geholl ginn. Schlisslech wier e viru 45 Joer opgestallt ginn.

“(..) fir 96 Riichteren. Haut si mir zu 337. Den nächsten Hierscht si mir zu 370.”

Komplett Iwwerdenke wier néideg

Et wier e komplett Iwwerdenken néideg, well d’Karriär fir e Riichter op der Cour d’appel net méi onbedéngt attraktiv wier, vun der Pai a vun der Aarbecht hier, sot hien, adresséiert un d’Ministesch.

“Huelt déi Doleancen net op d’liicht Schëller! Dat ass wierklech e reelle Problem, dee sech riskéiert, och op anere Plazen ze repercutéieren. Mir mussen do wierklech eppes maachen, fir déi Struktur vun der Karriär vun de Riichteren nees an de Grëff ze kréien.”

Woubäi nieft Riichterinnen a Riichter do ënner anerem och nach Fonctionnairen a Greffiere géife gebraucht ginn, net ze schwätze vun enger neier Cité judiciaire.

play_arrow Lauschteren