De CGDIS rekrutéiert aktuell manner Leit wéi dat am Plan National d’Organisation des Secours, kuerz PNOS, festgeluecht ass. Dat sot de Generaldirekter Paul Schroeder am Kader vun enger Feier am Virfeld vu Bärbelendag.
Déi Jonk fir de Rettungsdéngscht begeeschtert kréien
Als Konsequenz wéilt een elo analyséieren, wéi ee jonk Leit an Zukunft begeeschtert kritt fir eng Karriär beim nationale Rettungsdéngscht unzefänken, esou de Generaldirekter vum CGDIS.
Déi Responsabel vum CGDIS hunn och op d’Defie gekuckt, déi si an de nächste Joren erwaarden. Dobäi hu si besonnesch Wäert op déi Fräiwëlleg Pompjeeë geluecht.
"Dat ass och keng Saach vun der Onméiglechkeet"
Zënter der Grënnung vum CGDIS viru 7 Joer hätte sech vill verschidde Profiller entwéckelt. Där Diversitéit misst ee mat enger Moderniséierung vum Statut vum Volontaire gerecht ginn, fënnt de President vum CGDIS, den Alain Becker.
"Mir mussen als CGDIS kënne soen: 'Bei eis kann s de eppes léieren. Kompetenzen, déi am Liewen näischt anescht wéi eng Beräicherung sinn.' Mee am Géigenzuch erwaarde mir och e verbindlecht Engagement. Stonnen, op déi mir eis kënne verloossen. Eng Period, op déi mir ziele kënnen. Dat ass kee Kappstand. Dat ass och keng Saach vun der Onméiglechkeet. Dat ass Fairness géintiwwer dem System an och deenen anere Volontairen."
Et géing drëms goen, ee Return on invest fir de CGDIS ze hunn, esou den Alain Becker weider. Déi jonk Leit, déi ausgebilt ginn, sollten nämlech idealerweis och an dat Operationellt matagebonne ginn.