Radioen

On air

Notturno  |  Maale Gars - Alles Nei

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aktivitéite vun den Interimsagencë gi weider zeréck

Emploi

Aktivitéite vun den Interimsagencë gi weider zeréck

Bei den Interimsagencen zu Lëtzebuerg gëtt et weiderhin ee Réckgang vun den Aktivitéiten. Dat confirméiert de President vun der Federatioun vun den Interimsagencen. Déi Baisse wier haaptsächlech nach ëmmer op d'Kris am Bausecteur zeréckzeféieren, dee ronn 40 Prozent vun den Aktivitéite vun deenen Agencen ausmécht.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: picture-alliance / Sven Simon | Frank Hoermann/SVEN SIMON

Global gesi wieren d'Aktivitéite vun den Interimsagencen am éischte Semester vun dësem Joer an der Moyenne ëm ronn dräi Prozent zeréckgaangen am Verglach mam Joer virdrun, seet de Marc Lebrun. Duerch d'Kris am Bausecteur wieren d'Interimsagencen deemno obligéiert, sech nei ze erfannen.

"L’ensemble de la profession essaie aujourd’hui de combler le manque dans le BTP par d’autres secteurs d’activité, comme notamment tout ce qui est hotellerie-restauration et les métiers de service."

De Relancementsplang fir de Bausecteur vun der Regierung géif lues a lues gräifen, mengt de President vun der Federatioun vun den Interimsagencen. Lues awer sécher géing sech eng Progressioun spierbar maachen.

"Mais qui est inférieure à ce que nous avions prévu. On nous avait annoncé une reprise d’activité à la fin du premier semestre de cette année, ce qui est le cas, mais qui arrive dans une proportion vraiment réduite par rapport à ce qu’on avait provisionné."

7.000 Persounen op Interimsplazen

De Chômage partiel, op deen Entreprisen am Bausecteur déi lescht Méint konnten zeréckgräifen, koum fir d'Interimsplazen iwwerdeems net a Fro.

"Donc en conséquence directe c’est que, nos sociétés qui recherchent des intérimaires, ont baissé drastiquement leur demande et donc font qu'aujourd’hui, soit ils provoquent des embauches directement de notre personnel vers leur personnel à eux de manière permanente, soit réduisent le nombre d’intérims par rapport aux années précédentes."

Aktuell schaffe ronn 7.000 Persounen op Interimsplazen. Dat sinn der 900 manner wéi nach dat Joer virdrun.

Lauschterenplay_arrow