D'Mesurë vun der Regierung fir d'Logementskris ze bekämpfen hätten zesumme mat den Zënsniveauen eppes bewierkt. Enn Juni haten Oppositiounsmembere scho kritiséiert, datt dës Steiermoossnamen net wäit genuch géife goen. Den Dënschdeg huet de Finanzminister Zuele geliwwert.
Am Mee vun dësem Joer hätt ee knapps iwwer 11.000 Demandë fir de Bëllegen Akt, also de Steierkredit vu Privathaiser, gezielt. Dovunner goufen der och bal 11.000 acceptéiert. Viru ronn zwou Wochen hat d'Chamber gestëmmt fir de Bëllegen Akt vun 30.000 op 40.000 Euro eropzesetzen. Allgemeng hätten d'Steiermesurë Succès gehat fir de Logementssecteur unzekierpen.
Méi Akten, méi Kreditter, méi Baugeneemegungen
Déi aktuellst Zuele vum Enregistrement géifen dat och weisen.
"Bei den Immobilienakten insgesamt leie mir déi éischt fënnef Méint vun dësem Joer 2025 largement iwwer dem Niveau vun 2024 a souguer liicht iwwer deem erëm vun 2023."
Weider géifen och méi Immobiliekreditter ofgeschloss ginn. Esou de Gilles Roth.
Well erëm méi Baugeneemegunge gemaach ginn, hätt sech och eppes un den Aarbechtsplazen am Secteur gedoen.
"D'Faillitten am Konstruktiounssecteur, dee war 2023 am meeschten impaktéiert, mat 50 Faillitten am éischten Trimester dëst Joer. Dat sinn der nach ëmmer ze vill. Mee et sinn der awer 15 schonns manner wéi 2024. An den Aarbechtsplazverloschtpotenzial an deem Secteur, deen ass och relativ staark zeréckgaangen, ëm 43 Prozent."
Den 30. Juni waren déi zäitlech begrenzte Steiermoosname vum Logementspak ofgelaf. Et wollt een awer den Notairen d'hance ginn dem Undrang nozekommen. Deementspriechend hat ee virun zwou Wochen an der Chamber dofir gestëmmt, datt Keefer bis Enn September Zäit hu fir den Akt beim Notaire ze maachen. Dat ënner der Konditioun, datt een de Compromis de Vente nach bis den 30. Juni enregistréiert huet. Déi Verlängerung hätt enger ganzer Rëtsch Leit d'Chance gi fir nach vun de Steiermesuren ze profitéieren, seet de Gilles Roth.
Gilles Roth hofft, datt Marché erëm ugelaf ass
Tëschent dem éischten an dem 30. Juni goufen dem Enregistrement no 2.150 Compromisen aktéiert a 570 Reservéierungsplazen.
De Finanzminister zitt also eng kloer Conclusioun: D'Steiermoossnamen hunn "net näischt bewierkt". Iwwerdeems hofft de Finanzminister, datt mam Logementspak de Marché erëm ugelaf wier.