arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Affer vu Gewalt solle besser geschützt ginn

Petitioun an der Chamber

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Affer vu Gewalt solle besser geschützt ginn

An enger Petitioun, déi um Mëttwoch an der Chamber debattéiert gouf, gëtt gefuerdert, datt Affer vu sexueller a physescher Gewalt besser solle geschützt an encadréiert ginn.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
D’Organisatioun “La voix des survivant(e)s”, huet der Chamber haut Reformvirschléi iwwerreecht | © Michelle Barthel
D’Organisatioun “La voix des survivant(e)s”, huet der Chamber haut Reformvirschléi iwwerreecht (Foto: Michelle Barthel)

D’Petitionärin Ana Pinto vun der Associatioun Voix des Survivant(e)s huet dobäi ënner anerem legislativ Instrumenter a Moyene fir d’Justice gefuerdert.

Spuenien als Beispill

Dëst kéint dobäi hëllefe Femiziden ze reduzéieren, wéi dat schonn a Spuenien de Fall ass, esou d'Ana Pinto. D’Petitioun krut méi wéi 5.000 Ënnerschrëften.

Insgesamt huet Voix des Survivant(e)s 57 Mesuren ausgeschafft wéi een Affer vu Gewalt besser schützen a behandele kéint. Dat no enger Analys vu Gesetzer an anere Länner.

Gefuerdert gëtt ënner anerem eng Schafung vun engem spezialiséiertem Tribunal fir geschlechtsspezifesch Gewalt an hiren Impakt op Kanner als Co-Victimen op spueneschem Modell.

“Et muss ee wëssen, dass duerch d'Schafe vun esou engem Geriicht a Spuenien en Drëttel manner Feminiciden erreecht gouf.”

Iwwerdeems misst de Recrutement vu genuch a gutt forméiertem, spezialiséiertem Personal garantéiert ginn. 

Weider gëtt d’Aféiere vun engem Contrôle correctiv gefuerdert esou wéi e Gesetz, dat e Kand wat Zeie vun intrafamiliärer Gewalt ginn ass och als Affer ugesäit.

play_arrow Lauschteren