arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Affekot vum Armand Schockweiler plädéiert och fir e Fräisproch fir säi Mandant

zweete Bommeleeër-Prozess

|
headphones

1 min

Affekot vum Armand Schockweiler plädéiert och fir e Fräisproch fir säi Mandant

Am zweete Bommeleeër-Prozess huet um Donneschdeg, den 11. Dag, mam Me Entringer, fir de fréieren héije Gendarmerie-Responsaablen Armand Schockweiler, och dee leschten Affekot de Fräisproch fir säi Client verlaangt.

headphones

1 min

Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

D’selwecht wéi déi véier Affekote virun him ass och de Me Entringer der Meenung, datt säi Mandant am éischte Prozess vun 2013 an 2014 keng Falschausso gemaach huet.

"Ech sinn och zimmlech sécher, datt d'Geriicht deem nolauschtert, also datt d'Geriicht deem nogeet. Wann eppes am Dossier wier, wann iergendwéi en Element wier, wou ee géif soen, do ass en Zweifel oder do muss ee gelunn hunn, da wier et vläicht eppes anescht. Mee hei hu mer am ganzen Dossier näischt gesinn, wou iergendwéi ee kéint soen, do kéint eppes sinn. Et ass guer näischt an deem ganzen Dossier."

Dogéint hat d’Vertriederin vum Parquet d’lescht Woch 3 Joer Prisong fir den Armand Schockweiler gefrot.

Domat sinn d’Plädoyere vun den Affekote fäerdeg. E Méindeg geet et viru mat de Répliquë vun der Vertriederin vum Parquet a vun den Affekoten op déi jeeweileg aner Partei.