arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Affär vu fréierem SREL-Mataarbechter Philippe Schaack an zweeter Instanz

Justiz

|
headphones

1 min

Affär vu fréierem SREL-Mataarbechter Philippe Schaack an zweeter Instanz

Um Verwaltungsgeriicht sollt sech um Dënschdegmoien an zweeter Instanz eigentlech mat der Affär vum fréiere SREL-Mataarbechter Philippe Schaack befaasst ginn. Schlussendlech goung et awer net ëm de Fong vun der Affär.

headphones

1 min

Stater Geriicht - grousse Sall 1.10 | © Eric Ewald
Stater Geriicht - grousse Sall 1.10 (Foto: Eric Ewald)

Et gouf sech mat der Fro befaasst, ob d‘CGFP Services asbl nach Partei an der Affär ka ginn, oder net. D’asbl ass eng Ënnerorganisatioun vun der Staatsbeamtegewerkschaft CGFP a schreift op hirem Internetsite, datt si eng breet Pallett vun ausserberufflechen Déngschtleeschtungen ubitt.

De Philippe Schaack war beim SREL entlooss ginn, obwuel hien an der Personaldelegatioun war. De Me Holler, Affekot vum Philippe Schaack, huet erkläert, hie géif den Intressi vu CGFP Services verstoen; d’Vertriederin vum Stat gesäit dat awer anescht. Hirer Meenung no ënnerstëtzt d’CGFP Services nämlech keng gewerkschaftlech Aktivitéiten.

D’Urteel an dëser Affär gëtt an den nächste Woche gesprach.