arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Affär Wilmes: Urteel vum Verwaltungsgeriicht net virun 2028

Justice

|
reading time

1 min

Affär Wilmes: Urteel vum Verwaltungsgeriicht net virun 2028

Et dauert nach bal annerhallef Joer bis sech d’Verwaltungsgeriicht um Fong mat der Suspendéierung vum Dokter Philippe Wilmes auserneesetzt. Den 20. Dezember 2027 kënnt déi Affär an d’Sëtzung. Deen Datum gouf am Nomëtten um Tribunal administratif genannt, wéi d'Justiz op Nofro hi matgedeelt huet.

reading time

1 min

© Bigstock
(Foto: Bigstock)

Am Abrëll hat d'CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez op Basis vun enger Expertise decidéiert, datt den Orthoped no enger éischter Suspendéierung vun 3 Méint fir weider 21 Méint net méi operéieren, mee just nach consultéieren dierft.

Den Dokter kritt a méi Fäll reprochéiert, gesond Kräizbänner operéiert ze hunn.

Urteel wuel net virun 2028

De Philippe Wilmes huet d’Decisioune vum Gesondheetsministère um Verwaltungsgeriicht ugefecht. Dat ënner anerem well d’Prozeduren net agehalen an d’Rechter vum Dokter net respektéiert gi wieren.

Den Orthoped huet schonn zwou Référésprozeduren um Verwaltungsgeriicht verluer, fir seng Suspendéierung opgehuewen ze kréien.

Deemno muss hien d’Urteel um Fong ofwaarden, mat deem net virun 2028 ze rechnen ass.

Hien ass bis am Januar 2028 suspendéiert.