Radioen

On air

One World  |  Explizit Lyrics

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Affär CMCM: Ministère vun der Sécurité sociale mécht Denonciatioun beim Parquet

Parquet

Affär CMCM: Ministère vun der Sécurité sociale mécht Denonciatioun beim Parquet

An der Affär ëm d‘Caisse médico CMCM huet de Ministère vun der Sécurité sociale elo eng Denonciatioun beim Parquet gemaach. Si rriicht sech géint de Generaldirekter Fabio Secci mat der CMCM als Affer vun deem Abus.

auto_stories

1 min

Als méigleche Reproche steet ënnert anerem Vertrauensbroch am Raum. Dorop stinn dem Code penal no bis zu fënnef Joer Prisong a 5.000 Euro Geldstrof. De Parquet wäert den Dossier elo analyséieren, an dann decidéieren, op eng Enquête opgemaach gëtt.

D‘lescht Woch nach hat d‘Ministesch Martine Deprez gesot, si hätt net wëlles, ze intervenéieren.