Besonnesch schlëmm betraff ass d‘Provënz Kunar, mat iwwert 600 Doudegen. An der Nopeschprovënz Nangahar gouf et bis elo 12 Doudeger. Dës Biergregiounen am Oste vun Afghanistan si schwéier accessibel fir d‘Rettungsequippen. Vill Stroosse goufe vum Äerdbiewen zerstéiert oder beschiedegt.
D‘Äerdbiewe war nuets, wéi vill Leit an hiren Haiser waren oder geschlof hunn. Dem afghaneschen Inneministère no, géifen nach vill Mënschen ënnert de Stécker vun Haiser an Hütte leien, déi an de Koup gefall sinn. D‘Zuel vun den Affer géif warscheinlech nach klammen.