arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Adem bestätegt IT-Problemer - 4 Woche Beaarbechtszäit awer net ongewéinlech

National

|
headphones

2 min

Adem bestätegt IT-Problemer - 4 Woche Beaarbechtszäit awer net ongewéinlech

Den neien IT-System bei der Adem géif fonctionéieren an et géifen och Dossieren traitéiert, dat sot d’ADEM-Direktesch Isabelle Schlesser haut op Nofro hin – nodeems den CSV-Aarbechtsminister gëschter um Mëttwoch technesch Problemer zouginn hat.

headphones

2 min

Isabelle Schlesser | © Morgane Weidig
Isabelle Schlesser (Foto: Morgane Weidig)

Zënter dem 1. Januar kann ee seng Chômage-Demande bei der Adem just nach digital areechen. Ronn 900 Dossieren hätten zënterhier wéinst engem technesche Problem Retard, hat de Marc Spautz um Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun matgedeelt. D’Situatioun wier awer net esou grave wéi se villäicht schéint, fënnt d’Isabelle Schlesser. 

"Bis elo si mat deem neie System schonn iwwer 1 .500 Payementer gemaach gi fir 3 ,7 Milliounen."

De System géif funktionéieren an d'Dossieren traitéiert ginn.  

"D'Leit kréien am Prinzip hire Chômage bezuelt an engem Delai, dee méi oder méi wéineger ee Mount ass tëschent Demande an dem Payement. Dat ass och deen Delai, dee mer an deem System virdrun haten."

107 Dossieren nach net ugepak

Zil wier et, méi séier ze ginn, esou d'Direktesch vun der Adem. 

"Mir hunn awer 900 Dossieren, déi hir Demande vum 28. Dezember gemaach hunn. Dat heescht, wou deen Delai vun engem Mount net respektéiert ass. Déi sinn awer amgaang traitéiert ze ginn, déi 900 Dossieren. Vun deenen 900 sinn der nëmmen 100 - 107 fir exakt ze sinn - déi effektiv nach net ugepaakt si gi vun eis."

Déi missten nach analyséiert ginn. Déi aner Dossiere wieren all traitéiert ginn. 

A verschidde Fäll wieren och Avancen ausbezuelt gi fir d’Waardezäit ze iwwerbrécken, heescht et nach vun der Adem-Direktesch Isabelle Schlesser.

D’Chambre des Salariés seet, si hätt am Virfeld ofgerode komplett op digital Demanden ëmzeklammen. Den Direkter vun der CSL de Sylvain Hoffmann fënnt et wier besser wier weiderhin Zweegleiseg ze fueren an och manuell Demanden unzehuelen.