All déi concernéiert Partien hätten deen Deal de Moien zu Scharm-el-Scheich an Ägypten ënnerschriwwen.
Dës éischt Phas vum Friddensplang gesäit vir, datt all déi israeelesch Geiselen, déi nach an den Hänn vun der Hamas sinn, fräikommen. Op der anerer Säit soll Israel och déi palästinensesch Prisonéier fräiloossen an déi israeelesch Arméi soll sech an der Gazasträif hanner eng ofgemaache Linn zeréckzéien.
Dësen Accord muss elo nach vum israeelesche Sécherheets-Cabinet validéiert ginn. Dee soll am Moment zu Jerusalem zesumme sinn. Duerno soll dann déi ganz Regierung zesummekomme fir ofzestëmmen.
Nodeems den Accord vun der israeelescher Regierung ënnerschriwwen ass, soll bannent den nächste 24 Stonnen eng Wafferou a Kraaft trieden.
Friddensnobelpräis: Netanjahu proposéiert Trump
Den israeelesche Premier Netanjahu huet den US-amerikanesche President Donald Trump elo fir de Friddensnobelpräis proposéiert.
E Porte-parole vun der israeelescher Regierung huet gesot, datt den Netanjahu an den Donald Trump nom Duerchbroch an Ägypte mateneen telefonéiert hätten, an datt den israeelesche Premier dem US-President Merci gesot hätt fir d‘Efforten, déi hie gemaach hätt. Et wier e ganz emotionellt Gespréich gewiescht.
Den Donald Trump soll méiglecherweis e Sonndeg och op Jerusalem reesen.
Oppositioun an der Regierung
De rietsextremen israeelesche Finanzminister Bezalel Smotrich huet erkläert, datt hien a seng Partei de Friddensaccord fir Gaza net géife mat ënnerschreiwen. Si wieren zwar frou, datt déi israeelesch Geisele sollen heemkommen, mee hie géif sech Suerge maachen, wann déi palestinensesch Prisonéier fräigelooss ginn. Da géif déi nächst Generatioun Terroristen eruwuessen, esou de Smotrich, deen awer net mat enger Demissioun gedreet huet.
Iwwerdeems sinn d‘Delegatiounen zu Scharm-el-Scheich an Ägypten am gaangen, ofzereesen. Den amerikanesche Spezial-Vermëttler Steve Witkoff an dem Donald Trump säin Eedem, Jared Kushner, sinn de Mëtteg op Kairo geflunn. Do hunn si den ägyptesche President al-Sisi getraff.
Chefdiplomate gesi sech zu Paräis
Och de Ministerpresident vum Katar wier schonn ofgereest. Dee wier um Wee op Paräis, wou den Owend Berodunge vun internationale Chefdiplomate geplangt sinn iwwer d‘Ëmsetzung vum US-Friddensplang fir Gaza.
Bei deene Gespréicher zu Paräis sollen, nieft Katar a Frankräich, och Däitschland, Groussbritannien, d‘EU-Aussebeoptraagt Kaja Kallas an aner arabesch Länner dobäi sinn. Och den US-amerikaneschen Ausseminister Marco Rubio soll do derbäi sinn.
Nodeems en éischte Friddensplang ënnerschriwwen ass, kënnt och Beweegung an d‘Hëllef fir d‘Populatioun an der Gazasträif. Et wieren an déi 150 Camione mat Hëllefsgidder vun Ägypten aus a Richtung Gazasträif ënnerwee. De gréissten Deel vun der UNO.