Der Personaldelegatioun no sinn 370 Leit vum Sozialplang betraff.
D’Kompensatiounen op déi ee sech eens gi wier, wiere méi héich wéi de Standard zu Lëtzebuerg. Dat haten d’Personaldelegatioun an d’Direktioun schonn an engem gemeinsame Communiqué e Freideg ugekënnegt. D’Personaldelegatioun ass majoritär duerch onofhängeg Membere besat, den OGBL an den LCGB hunn zesumme just e Véirel vun den Delegéiert.