arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Accident mat Funiculaire zu Lissabon: Net konforme Kabel eng Ursaach

Portugal

|
headphones

1 min

Accident mat Funiculaire zu Lissabon: Net konforme Kabel eng Ursaach

Nom déidlechen Accident vun der Standseelbunn Gloria zu Lissabon bei dem 16 Leit ëm d‘Liewe komm sinn, läit elo een éischte virleefege Rapport vun den Ermëttlunge vir. Ee Grond fir den Accident wier deemno ee Stolseel tëschent de Waggonen dat net fir den Asaz gëeegent gewiescht wier.

headphones

1 min

© EPA/MIGUEL A. LOPES
(Foto: EPA/MIGUEL A. LOPES)

De Kabel deen zwee Waggone verbonnen huet, hätt dem Rapport no, net den Normen entsprach. Zënter 2022 gëtt dësen Typ Seeler zwar benotzt. E wier awer weder zertifiéiert fir Anlagen déi Persounen transportéieren, nach fir Funiculaire wéi déi zu Lissabon gëeegent.

Déi zoustänneg Autoritéit réit dofir, datt alleguer d‘Standseelbunnen an der portugisescher Haaptstad ausser Betrib solle bleiwen. Et misst fir d‘éischt kontrolléiert ginn, datt d‘Seelbefestegungen an d'Bremssystemer esou funktionéieren, datt se d‘Kabinnen zum stoe brénge kënnen, wann d‘Seeler räissen. 

Ofschlossrapport bannent dem nächste Joer

Beim Accident vun der bekannter Standseelbunn Gloria zu Lissabon den 3. September war ee Waggon déi géi Strooss ongebremst erofgerannt an dann an enger Kéier entgleist.

Nieft den Doudesaffer sinn och 21 Persounen deelweis schwéier blesséiert ginn. 

Den definitiven Ofschlossrapport soll bannent dem nächste Joer kommen.