arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Accident mat enger liewensgeféierlech Blesséierter - Police sicht no Zeien

Méiglech Fahrerflucht

|
headphones

1 min

Accident mat enger liewensgeféierlech Blesséierter - Police sicht no Zeien

Um 4 Auer hënt gouf et e schwieren Accident zu Gëtzen Richtung Nouspelt. Een Auto ass hei an e Bam gerannt an huet sech iwwerschloen. D‘Bäifuererin gouf liewensgeféierlech blesséiert.

headphones

1 min

© Bumble Dee / Adobe Stock
(Foto: Bumble Dee / Adobe Stock)

Den Accident ass wuel passéiert, nodeem de Chauffer engem zweeten Auto, deen an der Mëtt vun der Strooss war, huet missen auswäichen. Dësen Auto soll e Porsche 911 mat Lëtzebuerger Plack gewiescht sinn. D‘Police sicht nom Chauffer vum Porsche an no soss meigelech Zeien.