Bei engem schwéiere Busaccident de Moie géint hallwer 12 am Pommerlach goufe 14 Persoune blesséiert, 2 dovunner méi schwéier. De Bus war iwwer eng Verkéiersinsel gerannt an du mat engem stationéierte Camion kollidéiert. D‘Rettungsequippe sinn op der Plaz. D‘Streck bleift momentan nach gespaart.
Eng 60 Asazkräfte waren op der Plaz. 10 Ambulanzen, 3 SAMU-Helikopteren an 2 Läschween goufe fir den Asaz gebraucht.