Radioen

On air

Tockcity  |  Bertrand Burgalat, Monica Bellucci - Vue de Dos

play_arrow Live
search

/ Abschidsried: Joe Biden warnt virun onkontrolléierter Muecht

USA

Abschidsried: Joe Biden warnt virun onkontrolléierter Muecht

Den Joe Biden huet a senger Abschidsried als US-President virun enger geféierlecher Oligarchie an den USA gewarnt. Déi Superräich an de sougenannten Tech-Industriekomplex wieren am gaangen, onkontrolléiert Muecht iwwer d'Amerikaner:innen ze kréien.

auto_stories

1 min

V.l.n.r.: Kamala Harris, Joe Biden, Antony Blinken | © picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP
V.l.n.r.: Kamala Harris, Joe Biden, Antony Blinken (Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Aaron Schwartz - Pool via CNP)

Dës politesch Herrschaft vun engem klenge Grupp wier eng Gefor fir d'Demokratie, d'Grondrechter an d'Fräiheet, esou den Joe Biden a senger leschter Ried op der Tëlee aus dem Wäissen Haus. Hien huet sengem Successeur Donald Trump vill Erfolleg gewënscht, an och virun der Klimakris an der Desinformatioun gewarnt. 

Beim Klimaschutz wéilten déi nei Kräften zeréckrudderen am Interêt vun der Muecht an dem Profit. Beim Sujet Desinformatioun sot den Joe Biden, d'Leit an den USA géifen ënnert enger Lawin vu falschen Informatioune begruewe gi mam Zil, d‘Muecht ze mëssbrauchen.