Bei dëser Steierreform wäert keen eppes verléieren, huet de Finanzminister Gilles Roth versprach. Leit, déi virum 1.1.2028 gemeinsam besteiert ginn, kënne 25 Joer laang vun de Virdeeler vun der aktueller Steierklass 2 profitéieren. D'Transitiounsphase, déi d'Regierung elo envisagéiert, ass domat nach méi laang, wéi viru sechs Méint geplangt.
"Zolitt Entlaaschtung"
Fir déi allermeeschte Leit soll et eng “zolidd Entlaaschtung” ginn. Dës Reform – Elementer dovu ware scho virum Summer presentéiert ginn - soll also och d’Kafkraaft stäerken.
"Et bezilt ee mam neie Barème eréischt Steiere vu 26.650 Euro un. Aktuell leie mer an der Steierklass 1 hei bei 13.230 Euro"
Jidderee soll an Zukunft dee Liewensmodell kënne wielen, deen him am beschte gefält, esou den CSV-Minister bei der Presentatioun vun der Steierreform, déi a knapp zwee Joer soll kommen.
"An de Staat, d’Politik, déi soll sech hei och net steierlech amëschen. An dofir mussen d’Steiere bei all Familljemodell neutral gekuckt ginn."
Neie Fräibetrag fir kleng Kanner
Duerch déi an Zukunft eenheetlech Steierklass, plus aner steierlech Upassunge wéi z.B. een neie Fräibetrag fir Kanner ënner dräi Joer, wäert de Staat am Joer 2028 op ronn 880 Milliounen Euro verzichten an op ronn 990 Milliounen Euro am Joer 2029, gouf ugekënnegt. D’Géigefinanzéierung soll ronn zur Hallschent duerch d’Net-Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun bis 2028 geschéien.
"Een Impakt, deen ass zum Deel géigefinanzéiert mat den Indextranchen, déi nach bis 2028 wäerten ufalen, oder bis haut nach net berengegt sinn."
Steiertabell soll och nees indexéiert ginn
Déi sougenannten automatesch Upassung vun der Steiertabell un d’Inflatioun soll duerno erëm agefouert ginn, huet de Finanzminister Gilles Roth och annoncéiert: All Kéier wann dräi Indextranchen erfall sinn, sollen d’Barèmen ugepasst ginn. Och wann déi Pläng vun der Chamber gestëmmt ginn, wäert de Staat misse regelméisseg op Steierrecettë verzichten.
Fir Scholdzënsen, Bauspueren oder fir Botzpersonal am Stot sollen an Zukunft méi héich Zomme kënne vun de Steieren ofgesat ginn.
Kannergeld soll vun 2027 u klammen
Confirméiert gouf haut iwwerdeems, datt d’Kannergeld vun Ufank 2027 u soll klammen, ëm 45 Euro pro Mount fir Kanner ënner 12 Joer a vu 60 Euro de Mount fir Kanner vun 12 Joer un. Och d’Allocation de rentrée scolaire klëmmt, dat ëm 60 respektiv 90 Euro. De System vun de Chèques Services Accueil fir d’Kannerbetreiung soll vun 2027 u reforméiert ginn: de Käschtepunkt fir de Staat dofir soll bei 79 Milliounen Euro pro Joer leien.
Mëtt Dezember hat de Regierungsrot dës geplangte Steierreform ugeholl. D'Oppositioun kritiséiert den héije Käschtepunkt vun dëser Reform.