Am Ministère géif d’Analys vum Urteel gemaach ginn; dono géif hien da Récksprooch huele mat den CSV- an DP-Fraktiounen, ier dëst Thema wuel och am Ministerrot géif zur Sprooch kommen an d’Direktiv an nationaalt Recht ëmgesat géif ginn.
Zur Fuerderung vun de Gewerkschaften, datt de Mindestloun elo misst eropgesat ginn, sot de Minister:
“Mir hate jo och schonn Diskussiounen an der Chamberkommissioun, wou mer iwwert de Mindestloun diskutéiert hunn. Ob een elo muss de Mindestloun direkt an d'Luucht setzen, muss een, mengen ech, och déi Gratuitéiten do, déi awer, mengen ech, speziell sinn oder, jo, unique bal sinn am Kader vun de Memberstaten - Gratuitéit vun dem öffentlechen Transport, Gratuitéit vun de Schoulen, Gratuitéit vun de Maison-relaisen, Gratuitéit vum Enseignement musical asw. asw. - och emol nach considéréieren!”
D’Urteel soll elo sou ëmgesat ginn, dass et fir jiddereen zefriddestellend wär, betount de Georges Mischo.
Et wär haut nach ze fréi, fir scho Conclusiounen ze zéien, elo hätt een emol Gewëssheet, an et kéint ee kucken, wéi ee géif weiderfueren, sou den CSV-Politiker.