search

/ Aarbechtsinspektioun: Horeca op 1. Plaz bei Verstéiss géint gesetzleche Mindestloun

Aarbechtsrecht

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Aarbechtsinspektioun: Horeca op 1. Plaz bei Verstéiss géint gesetzleche Mindestloun

D’Inspection du travail et des mines, ITM, huet zënter 2020 ronn 340 Verstéiss géint de gesetzleche Mindestloun festgestallt. Déi meeschten dovun am Horeca Secteur mat bal 150 Verstéiss. Duerno kommen de Bausecteur an den Handel.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© picture alliance / photothek | Ute Grabowsky
(Foto: picture alliance / photothek | Ute Grabowsky)

Dëst geet aus enger Äntwert vum CSV-Aarbechtsminister Marc Spautz op eng Question parlamentaire vun der LSAP ervir.

Ëmmer manner Fäll bei méi Kontrollen

An de leschte fënnef Joer huet d’ITM eng 7.600 Kontrollen duerchgefouert. Dobäi ass et zu bal 340 Verstéiss komm. Mee d’Tendenz bei de Verstéiss ass positiv, gëtt den Aarbechtsminister ze verstoen. D’Zuel vun de Verstéiss wier nämlech Joer fir Joer zeréckgaangen, bei enger ëmmer méi grousser Unzuel u Kontrollen.

D’ITM ass an hirer Missioun och fir d’Anhale vum gesetzleche Mindestloun zoustänneg, wéi de Minister Marc Spautz an der Äntwert op d’parlamentaresch Fro vum LSAP Deputéierte Mars di Bartolomeo präziséiert.

Administrativ oder penal Strofe méiglech

D’ITM kann dobäi selwer Kontrollen initiéieren, si gëtt awer och no engem Signalement oder enger Plainte aktiv.

Bei dëse Kontrolle kréien déi zoustänneg Inspekter:innen Zougang zu de relevanten Dokumenter wéi beispillsweis Aarbechtskontrakter, Pai-Fichen oder aner Beweiser iwwer d’Paiementer vun de Salariéen.

Sollten den Inspekter:innen Onreegelméissegkeeten am Zesummenhang vum Mindestloun feststellen, probéiert d’ITM prioritär, den Employeur ze invitéieren d’Situatioun fräiwëlleg an d’Rei ze bréngen an déi Montanten, déi opstinn, un déi betraffe Salariéen nozebezuelen. Sollt dat net geschéien, kann et zu administrativen oder penale Sanktioune kommen, heescht et an der Äntwert vum Aarbechtsminister.

200 Geldstrofen zënter 2020

Am Fall vun esou engem Verstouss ass op penalem Niveau eng Geldstrof tëscht 251 a 25.000 Euro virgesinn. Doriwwer eraus kënnen och administrativ Sanktioune verhaange ginn. Do leien d’Strofen an engem änleche Beräich wéi um penalen Niveau.

Zënter 2020 huet d’ITM méi wéi 100 Geldstrofe verhaangen. Dës bezeie sech awer, wéi an der Äntwert op déi parlamentaresch Fro ze liesen ass, net nëmmen op den Net-Respekt vum gesetzleche Mindestloun. Meeschtens leien nach aner Verstéiss géint d’Aarbechtsgesetz vir, vun deenen da méi Salariéë betraff sinn.

Geziilt Kontrollcampagnen a Secteure mat héijem Risk

Wéi an hiren anere Missiounen och, setzt d’ITM och bei Kontrolle vum Anhale vum gesetzleche Mindestloun op eng präventiv Approche an, op verschiddenen Informatiouns- a Sensibiliséierungsaktiounen. Dat meeschtens iwwert Broschüren, hiren Internetsite a Kommunikatiounen, wann et Ännerunge ginn. Zum Beispill wann de Mindestloun ugepasst gëtt.

Doriwwer raus ginn et geziilte Kontrollcampagnen an deene Secteure wou de Risiko vu Verstéiss méi héich ass. 

play_arrow Lauschteren