Déi 149 Mataarbechter:inne vu Liberty Steel zu Diddeleng hätten hire Salaire fir de Mount August och bis de 15. September nach ëmmer net bezuelt kritt.
Den Datum fir d‘Salairesiwwerweisunge wier nach emol op de 19. September verréckelt ginn, heescht et an der LSAP hirer parlamentarescher Fro, mat Verweis op Informatioune vun de Gewerkschaften.
Dozou preziséieren déi zwee Ministeren: Am Fall wou den Employeur d‘Salairen net méi kéint bezuelen, wieren am Lëtzebuerger Aarbechtsgesetz spezifesch Mesurë virgesinn.