arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Aarbechten un der Musel-Schléis: Musel fir Schëffsverkéier gespaart

Sankt Aldegund

|
headphones

1 min

Aarbechten un der Musel-Schléis: Musel fir Schëffsverkéier gespaart

No dem Schëffsaccident gëtt d‘Musel-Schleis bei Sankt Aldegund hei vir an Däitschland vun haut u reparéiert. An dofir ass d‘Musel elo bis e Freideg fir de Schëffsverkéier gespaart. Am Juli war e Croisièresschëff an d‘Paart gerannt an hat se staark beschiedegt.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Thomas Frey
(Foto: picture alliance/dpa | Thomas Frey)

De Schued beleeft sech op ronn zwou an eng Hallef Milliounen Euro. Dat mellen däitsch Medien. Zënter dem Accident ass d‘Schleis am Noutbetrieb gelaf, bis zu 20 Schëffer den Dag konnten duerchfueren.