arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ASTM hofft op méi Sue fir Upassungen un de Klimawandel

Am Virfeld vun der COP

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

ASTM hofft op méi Sue fir Upassungen un de Klimawandel

Fir datt d'Länner aus der südlecher Hemisphär sech un de Klimawiessel upasse kënnen, hofft d'ONG ASTM, datt déi industrialiséiert Länner sech op der nächster COP 30 am November a Brasilien op méi een héije Montant kënnen eenegen.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D‘ASTM huet op enger Pressekonferenz gëschter nach emol bedauert, datt sech d‘Länner aus dem Norden op der leschter COP29 vu Baku just op eng Contributioun an Héicht vun 300 Milliarden eens gi waren. De Süde brauch vill méi.

Pro Joer bräichten d’Länner aus der südlecher Hemisphär 1,3 Billiounen Dollar fir sech op de Klimawiessel kënnen unzepassen, dat ass d’Aschätzung, déi d’Länner aus dem Süden zejoert zu Baku presentéiert haten.

D‘ASTM rifft d’Lëtzebuerger Regierung op déi international Initiativ Baku to Belem Roadmap to 1,3 Billiounen ze ënnerstëtzen.

An et kéint keen industrialiséiert Land soen, datt déi Gelder net do wieren, betount den David Hoffmann vun der ASTM.

"D'Iddi ass jo och elo net nëmmen, wa mir vun deenen 1 ,3 Millioune schwätze pro Joer, ass d'Iddi och net nëmmen, datt dat vun de Staatsbudgete vun de Länner vum Norde géif goen. Dat géif och iwwer nei international Taxen zum Beispill goen. Dat géif iwwer den Ofbau vu Subventiounen u fossil Energien, déi dann direkt géifen an esou e Fonds transferéiert ginn, goen."

ASTM: Sech net op national Budgete begrenzen

D’Contributioun vum Grand-Duché fir d’Länner aus dem Süde bei der Upassung un d’Klima-Changementer ze ënnerstëtze soll op 600 Milliounen Euro eropgesat ginn, freet d’ASTM. 

Fir déi Hëllefe kënnen ze finanzéieren, misst ee sech net op déi national Budgete begrenzen, erkläert de Raymond Klein, vun der ASTM.

"Excusen, wéi oft vu Politiker aus dem globalen Norde kommen, datt einfach am Moment d‘Geld net do ass, déi kënne mir net ziele loossen an déi sinn och a gewësser Aart a Weis perfid, well eeben zu deem gläiche Moment d'Elitte weltwäit weiderhin hir Consommatioun eropschrauwen, mir gesinn Depenses militaires, déi explodéieren a mir gesinn natierlech och Steiererliichterungen, fir Multinationalen, déi eeben zesummen zu deene Global Fortune 500 gehéieren.“

Eng weider Kritik gouf et vun der ASTM, datt d’Zäregasemissioune weltwäit nach ëmmer an d’Luucht ginn. Och d'EU hätt sech ze niddereg Ziler gesat fir dem Klimawiessel entgéintzewierken. Fir den Ament géif een d’Zil vun der globaler Äerderwiermung ëm 1,5 Grad bis Enn vum Joerhonnert verfeelen, et géif een a Richtung 2,5 Grad Celsius goen.

play_arrow Lauschteren