D’Konzept hat den Innen- an Immigratiounsminister Léon Gloden e Freideg presentéiert. Esou ee Konzept wier grondsätzlech ze begréissen. Der ASTI no géif et awer net wäit genuch goen, esou de politeschen Direkter vun der ASTI, Sergio Ferreira.
Sechs Leit fir d'Organisatioun an Encadrement net genuch
All d‘Asyldemandeuren oder Leit ouni Openthaltsgeneemegung wieren doriwwer informéiert, datt et zu enger Expulsioun oder Ausweisung ëmmer ka kommen. Datt am Konzept vum Innen- a Immigratiounsminister virgesinn ass, d’Leit wärend der Prozedur ganz fréi iwwer de Retour volontaire ze informéieren, wier der ASTI no also net méi néideg.
Nei am Konzept fir de Retour volontaire wier par contre d’Schafe vun enger separater Prozedur an der Immigratiounsverwaltung, wou eng Equipe vu sechs Beamten d’Aarbecht soll assuréieren. Dat géif awer bei wäitem net duergoen, bedauert de Sergio Ferreira, politeschen Direkter vun der ASTI. D‘Zuel vu Leit, där hire Flüchtlingsstatut refuséiert gëtt, wier nämlech vill méi héicht, wéi d‘Zuel vun deene Leit, déi de fräiwëllege Retour sollten organiséieren an encadréieren.
ASTI begréisst d'Iddi vun enger Ausbildung en Vue vum Retour
D’Moossnamen déi annoncéiert ginn, fir d’Leit bei enger Reinstallatioun am Hierkonftsland ze begleede, géifen zanter laangem schonn agesat ginn. Dat mat der Hëllef vun der OIM, der internationaler Migratiounsorganisatioun. Nei a positiv am Konzept vum Immigratiounsminister kéint d’Iddi vun enger Ausbildung hei am Land sinn, en vue vun deem Retour.
"Well mir wëssen, datt immens vill Leit déi flüchten (…) si loossen alles, si verkafen hiert Haus, si verkafen hiren Auto, wann se een hunn, fir d‘Rees ze finanzéieren. A wa si mussen zréckgoen, dann hunn si näischt méi."
Manktem u Personal an der Maison de Retour
Een Dar am Ae vum Sergio Ferreira wier den Accompagnement vun de Leit an der Maison du Retour, wou elo schonn déi Persounen ënnerbruecht ginn, déi fräiwëlleg zeréckginn. An där Maison du Retour géif et u Personal feelen, fir de Suivi ze assuréieren.
"Et sinn ongeféier 30 Gardiens, just fënnef Leit fir den Encadrement psychosocial. Och wann d‘Leit déi do den Encadrement psychosocial maachen, ganz engagéiert sinn, an si wëllen hirt Bescht maachen, mee de Moyene sinn net genuch."
Wichteg ass dem Sergio Ferreira vun der ASTI dann och ze soen datt d’Finanzhëllef, déi jee no Famill bei bis zu 6.000 Euro ka leien, vun der EU bezuelt ginn an net iwwert de Lëtzebuerger Staatsbudget. D’ASTI fäert datt dat soss an der Populatioun fir Kritik a Polemike ka suergen.