Dës Reform géif d‘Chancëgläichheet an de Schoule verstäerken, a wär e wichtege Fortschrëtt a scho laang iwwerfälleg. Eng Alphabetiséierung op franséisch géif der sproochlecher Diversitéit zu Lëtzebuerg, déi ëmmer méi grouss gëtt, gerecht ginn, schreift d‘ASTI an engem Communiqué.
An der Chamber gëtt de Mëtteg iwwert dëse Gesetzprojet ofgestëmmt.