Bis zu 10 Fäll géifen d’Memberen aktuell an enger Woch betreien. Fir d’Benevollen, déi sech scho bis zu 22 Stonnen an der Woch niewent hirem Beruff fir de Veräin asetzen, wier dës Laascht net méi drobar.
Dréngend Fäll gi fir
Deemno géif de Veräi vun elo un nëmmen nach ronn hallef esou vill Fäll traitéiere kënnen, an dat just no bestëmmte Krittären, wéi zum Beispill der Drénglechkeet, erkläert d’Presidentin vun der ASBL Sichhënn Tanja Forette.
Et géif een elo méi op hiren Internetsite verweisen, well d’Berodung iwwer Telefon immens vill Zäit an Usproch géif huelen. Et géif een och nëmmen nach Fäll am Land unhuelen.
“A mir wäerten och just nach eeben no Drénglechkeet suivéieren. Dat heescht, een Hond, deen elo schwéier verletzt ass duerch en Autosaccident oder esou. Dat ass dann definitiv méi drénglech.”
Bis elo krut d’ASBL Sichhënn nëmme vun der Hesper Gemeng Subsiden, wat der rezent 1.250 Euro d’Joer waren. Dat géif awer net méi duergoen an d’ASBL gëtt nach ëmmer zu ronn 90 Prozent duerch privat Spende finanzéiert.
Keng Reaktioun vun de Ministèren
Trotz ville Gespréicher an Appelle fir méi Hëllef un ënner anerem den Innen- an de Landwirtschaftsministère, hätt sech bis haut näischt gedoen, bedauert nach d’Tanja Forette.
“Wou mir eigentlech drop eraus wëllen ass, datt mir eng Konventioun mat Administratiounen hunn. Da kéint een och den 112 an den 113 entlaaschten.”
D’ASBL Sichhënn gouf 2017 gegrënnt fir vermësst Persounen an Déieren ze sichen, a géif och vun der Police a vu verschiddene Déierenasyler recommandéiert ginn.
D’Politik misst d’Bedeitung vun dem Veräin unerkennen a gemeinsam eng Léisung entwéckelen, soss kéint et de Service geschwënn net méi ginn, fuerdert d’ASBL Sichhënn.