arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ASBL Arcus iwwerhëllt aacht Internater zu Lëtzebuerg

Iwwernam vu Jacques Broquart

|
headphones

1 min

ASBL Arcus iwwerhëllt aacht Internater zu Lëtzebuerg

Déi aacht Internater uechtert d‘Land, déi bis elo vun der ASBL Jacques Broquart gereiert goufen, gi vun der ASBL Arcus iwwerholl. Dat mellt RTL. De Verwaltungsrot vu Jacques Broquart hätt Enn Oktober schonn Arcus den Zouschlag ginn.

headphones

1 min

© Bigstock / skifsaf
(Foto: Bigstock / skifsaf)

Et wier awer och eng Offer vun engem anere Repreneur ginn. Op den éischte Januar soll den Transfert gemaach sinn. Fir déi 150 Mataarbechter:inne vu Jacques Broquart géifen et am Prinzip keng Changementer ginn, heescht et.

Si hu bis elo d‘Internat am Convict an der Stad, mee och d‘Internater zu Iechternach, Dikrech, Ettelbréck, Mäerzeg, zwee zu Wolz an e geplangtent zu Péiteng gereiert. Déi Strukture ginn deemno an Zukunft vun Arcus iwwerholl. Fir déi ASBL schaffen aktuell schonn eng 1.500 Leit.