arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ ARD-Summerinterview mat der Alice Weidel vu Protester gestéiert

Aktivismus

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

ARD-Summerinterview mat der Alice Weidel vu Protester gestéiert

D'Gespréich vun der Alice Weidel mat engem ARD-Moderator war op der Tëlee deelweis just schwéier ze verstoen. D'Chaîne huet Konsequenzen annoncéiert.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

D'Summerinterviewe mat de Cheffinnen a Cheffe vun de politesche Parteie sinn eng Traditioun bei der ARD. Zum Ufank vun der parlamentarescher Summerpaus ginn do déi grouss Theeme beschwat, den Optakt hat d'lescht Woch de Bundeskanzler gemaach.

De Sonndeg war dunn d'Alice Weidel un der Rei, d'Cheffin vun der gréisster Oppositiounspartei, där an Deeler rietsextreemer AfD. Vun Ufank vum Gespréich u goufen d'Alice Weidel an den ARD-Journalist Markus Preiß vun haarder Musek, Trompetten a Protester gestéiert.

Déi grouss ARD-Summerinterviewe sinn op der Terrass vun engem Gebai am Berliner Regierungsquartier, mat Vue op d'Spree an op de Bundestag. Dat ass fir d'Tëleesspectateuren eng flott Zenerie - koum awer den Demonstrante géint d'AfD an d'Alice Weidel entgéint. D'Politikerin an de Journalist hu sech deelweis missten däitlech no vir leeën, fir sech géigesäiteg ze verstoen.

ARD wëllt Virsiichtsmoossname fir d'Zukunft treffen

An der Tëschenzäit huet den Zentrum für politische Schönheit, e Grupp vu politeschen Aktivisten, matgedeelt, hanner dem Kaméidi ze stiechen. De Grupp huet an der Vergaangenheet schonn e puermol Veranstaltunge vun der AfD, wéi Parteidag oder Walowender, mat haarder Musek gestéiert. D'Aktivisten hunn dofir extra e Bus, deen de Spëtznumm Adenauer dréit, mat immens haarden Haut-parleuren ausgebaut. D'ARD huet matgedeelt, och an Zukunft d'Gespréicher op där Plaz ze féieren, awer Virsiichtsmoossname géint esou Demonstratiounen ze treffen. Wéi eng dat genee solle sinn, gouf net gesot. Den nächste Summerinterview ass den 3. August mam Grénge-Parteichef Felix Banaszak.

play_arrow Lauschteren