De Status vum „Arbre remarquable“ war fréier iwwert d‘Denkmalschutzgesetz gereegelt, dat ass awer geännert ginn, well „Sites et monuments“ nëmmen nach gebaute Material schützt.
Schützenswäert Beem ginn dofir elo am neien Naturschutzgesetz festgehalen. Op der neier Lëscht wiere schonn 250 nei Beem klasséiert ginn, an déi, déi op der aler Lëscht stoungen, géifen och ropgeholl ginn, sou d‘Martine Neuberg. Si versteet awer d‘Kritik vum Mouvement Écologique.
An Zukunft géif een och nach vill méi Beem op déi Lëschte setzen. Och aner Initiative wiere geplangt. Si géifen eng wichteg Roll am Kampf géint de Klimawandel spillen.
Beem sinn iwwerdeems iwwert d‘Naturschutzgesetz geschützt a kënnen net einfach gehae ginn, weder Beem a fräier Landschaft, nach a Biotopen oder eenzel Beem an Dierfer a Stied, ënnersträicht d‘Cheffin vum Service des Forêts bei der Naturverwaltung.