An enger interner Newsletter, déi eis virläit, mécht d'AMMD elo e weideren Appell un hir Memberen, hir Participatioun wier indispensabel.
Am Schreiwes werft d‘AMMD der CSV-DP-Regierung op en Neits vir, trotz Versprieche vu Reformen am Gesondheetssecteur, näischt dovun ëmgesat ze hunn.
Déi rezent Aussoe vun der Gesondheetsministesch Martine Deprez qualifizéiert d'AMMD als erstaunlech, well se de Géigendeel wiere vun der Regierung hiren Engagementer am Koalitiounsaccord, esou d'AMMD an hirer Newsletter.