arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ AMMD decidéiert haut iwwer Kënnegung vun CNS-Konventioun

Gesondheetssecteur

|
headphones

1 min

AMMD decidéiert haut iwwer Kënnegung vun CNS-Konventioun

De Mëttwochowend ass wéi ugekënnegt déi extraordinär Generalversammlung vun der Doktesch- an Zänndokteschassociatioun AMMD. Déi gouf virun zwou Wochen aberuff, well ee sech mat der CNS net eens gouf iwwer d'Revalorisatioun vun den Dokteschtariffer.

headphones

1 min

D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD | © Radio 100,7
D'Logo vun der Doktesch- an Zänndokteschgesellschaft AMMD (Foto: Radio 100,7)

D’AMMD gehäit och der CSV-Ministesch Martine Deprez vir kee Wëllen ze weise fir Problemer am Gesondheetssecteur unzegoen. Dozou gehéiert ënner anerem ee Gesetzesprojet iwwer d'Dokteschgesellschaften, deen zeréckgezu gouf. Nach lescht Woch hätt d'Martine Deprez mat der AMMD iwwer dat Theema geschwat.

Si hat am 100,7-Interview vu konstruktive Gespréicher geschwat. Dat gesäit de Chris Roller, President vun der AMMD, anescht. Et géif een zwar vill doriwwer diskutéieren, mee net wierklech virukommen.

An der AGE soll mat de Membere vun der AMMD iwwer déi rezent Entwécklunge consultéiert ginn. Duerno soll doriwwer ofgestëmmt ginn, ob de Comité vun der AMMD d'Mandat kritt fir d'Konventioun mat der CNS ze kënnegen.

Wann et zu esou enger Kënnegung kéim, géif déi Konventioun trotzdeem nach 12 Méint weiderlafen. Esoulaang hätten déi betraffe Parteien Zäit sech fir eng nei Konventioun eens ze ginn.

De Vott ass just e puer Deeg virun der Quadripartite. Do wäert et ëm d'Finanzéierung vun der Gesondheetskeess goen.